Obstieg an d‘Divisioun 1!

03 May 2023
Obstieg an d‘Divisioun 1! Eng super Saison geet ob en Enn an et war wéi emmer flott a spannend.
- Eis 1. Equipe packt ee Joer no dem Obstieg an d‘Divisoun 2 elo tatsächlech den Obstieg an d‘Divisioun 1, dat als Tabellenzweeten an iwersteigt soumat all Erwardungen
- Eis 2. Equipe huet hiert Ziel erreecht a staark gekämpft fir am Hierscht weiderhin an der 3. Divisioun ze spillen
- Eis 3. Equipe huet et leider ob ee Punkt verpasst, sech an der Divisioun 5A ze halen. Zesumme wärte mir awer och hei alles ginn fir dat nächst Joer erem staark zréck ze kommen.
Fir eis 2 Jugendequipen geet de Championnat nach e puer Wochen firun.
Merci alle Spiller an Ennerstëtzer déi dës flott Saison méiglech gemaach hunn!